Aquarius (Stärebild)

Stärebild

Den Aquarius (lat), (lëtz.: Waassermann) ass e Stärebild dat op der Ekliptik läit.

Date vum Stärebild Aquarius
Lëtzebuergeschen NummWaassermann
Laténgeschen NummAquarius
Laténgesche GeenitivAquarii
Lat. OfkierzungAqr
LagEkliptik
Rektaszensioun20h 38m bis 23h 56m
Deklinatioun+3° 20´ bis -24° 55´
Fläch980 Quadratgrad
Siichtbar op Breetegrad65° Nord bis 87° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
β Aquarii (Sadalsuud),
2,90m
MeteorstréimEta-Aquariden
Delta-Aquariden
Iota-Aquariden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Pegasus
Equuleus
Delphinus
Aquila
Capricornus
Piscis Austrinus
Sculptor
Cetus
Pisces
Stärebildkart vum Aquarius (Waassermann)
Stéch vum Stärebild Aquarius

Beschreiwung

änneren

Den Aquarius ass e grousst, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Pegasus. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi drëtt Gréissteklass. Den Aquarius gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild leeft. D'Sonn steet vum 21. Januar bis de 26. Februar all Joer am Aquarius.

Geschicht

änneren

Obwuel den Aquarius keen opfällegt Stärebild ass, zielt et awer zu den eelste bekannte Konstellatiounen. Fir d'Mënschen aus der Antiquitéit muss et eng gréisser Bedeitung als Kalennerzeeche gehat hunn. Wann d'Sonn an de Waassermann koum, huet dat den Zäitpunkt vun der Reenzäit markéiert. Méiglechweis staamt dovun den Numm. Och e ganze Koup vun Nopeschstärebiller hunn och eppes mat Waasser ze dinn.

Himmelsobjeten

änneren

Stären

änneren
BFNamenmMLjSpektralklass
β22Sadalsuud2,90-3,5610G0 Ib
α34Sadalmelik2,95-3,9760G2 Ib
δ76Skat, Scheat3,27-0,18160A3 V
γ48Sadachbia, Sadalachbia3,860,44158A0
ζ1,255Bunda3,65105F6IV + F3 V
c2883,86-0,60105F6IV + F3 V
λ73Hydor, Ekkhysis3,73-1,7390M2 III
ε2Albali3,78-0,46230A1 V
b1983,960,48162K0 III
η624,040,29184B9 IV
τ2714,05-1,3380M0 III
θ43Ancha4,170,33191G8 III-IV
φ904,220,05222M2 III
ψ1914,240,95148K0 III
ι334,290,67173B9 IV
b2994,38-0,50K4 III
ψ2934,41-0,56320B5 V
ζ24,421,91103F3 IV
k34,43-1,2450M3 III
c1864,480,67188G8 III
ω21054,491,12154B9 V
ν13Abulaan4,50m1,00164G8 III
ζ14,592,08103F6 IV
ξ23Abulaan4,681,0179A7 V
g664,68-1,2490K3 III
b 21014,70-0,3320A0 V
c2894,71-1,3520A3 IV
μ64,731,34155A3m
ο314,74-0,6380B7 Ve
π52Seat4,80-2,81100BI Ve
σ574,820,27265A0 IV
A 21044,82-1,7640M3 III
Χ924,93-1,5640M3 III
ω11024,971,91134A7 IV
ψ3954,990,58250
κ63Situla5,040,76234K2 III
255,100,76241K0 III
475,121,37183K0 III
15,150,77245K1 III
1085,170,2320Ap Si
975,190,88237A3 V
945,203,6268G6 / G8 IV
1065,240,2330B9 V
685,240,68266G8 III
HR 89875,270,60280K3 III
1075,281,21212F2 V
325,291,04231A5m
415,330,65281K1 III
425,34-0,5480K1 III
ρ5,35-1,4750B8 III
1035,36-0,9580K4 / K5 III
385,43-0,8560B5 III
835,441,63188F2 V
185,482,07157F0 V
215,480,0410K4 III
75,49-0,8600K5 III

De Beta Aquarii ass mat enger visueller Magnitude vun 2,90m den hellste Stär am Aquarius. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G0 Ib op enger Distanz vu 610 Liichtjoer. Den Numm Sadalsuud ass arabesch a bedeit souvill, wéi „d'Gléck vum Gléck“.

Den zweethellste Stär, den Alpha Aquarii (Sadalmelik, arabesch „d'Gléck vum Kinnek“), ass 760 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass en Iwwerris mat der Spektralklass G2 Ib. Hien huet den 80fachen Duerchmiesser an déi 6.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De Gamma Aquarii (Sadachbia, arabesch „d'Gléck vun den Zelter“), ass 158 Liichtjoer ewech.

Den Delta Aquarii läit op enger Distanz vun 160 Liichtjoer an huet d'Spektralklass A3 V. Als Urspronk vu sengem Numm Skat gëtt meeschtens „Been“ genannt. Et kéint ursprénglech awer och „Wonsch“ bedeit hunn.

SystemmOfstand
ζ4,42 / 4,591,67"
ψ4,24 / 10 / 1049,6/0,3"
ω24,49 / 4,9746,8"
τ24,05 / 5,8639"
415,6 / 7,15,0"
945,3 / 7,312,6"
1014,8 / 7,11,2"
1044,82 / 8,58113"
κ5,04 / 8,898,8"
1075,7 / 6,76,8"

Den ζ Aqr ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Zwéi gläichgrouss Stäre kreesen ëm ee gemeinsame Schwéierpunkt, woufir si ronn 800 Joer brauchen. D'System ka schonn an engem klengen Teleskop an zwéi Stären, déi wäiss liichten, opgeléist ginn.

Verännerlech Stären

änneren
ObjetmPeriodTyp
λ3,73 bis 3,8onreegelméisseg Verännerlecher
π4,42 bis 4,70Gamma-Cassiopeia-Typ
ο4,68 bis 4,89Gamma-Cassiopeia-Typ
R5,8 bis 12,4387 DeegMira-Stär

Den R Aquarii ass ee verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 1.000 Liichtjoer. De Stär ännert an engem Zäitraum vun 387 Deeg seng Hellegkeet, woubäi an engem Rhythmus vun 24 Joer periodesch Schwankungen optrieden. Am Maximum ass de Stär 5,8m hell a kann nach just mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum erreecht hien nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,4m. An deem Zäitraum brauch een natierlech e méi grousst Teleskop.

Messier (M)NGCverschiddenermTypNumm
270896,4Kugelstärekoup
7269819,5Kugelstärekoup
7369948,5Oppene Stärekoup
70099Planetareschen NiwwelSaturnniwwel
718411Galaxie
72937Planetareschen NiwwelHelixniwwel
749211Kugelstärekoup
760611Galaxie
772710Galaxie

Am Aquarius sinn dräi Objeten, déi de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a sengem Katalog mat niwwelegen Objeten, dem Messier-Katalog, opgeholl hat.

Den M 2 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 50.000 Liichtjoer.

Den M 72 ass och e Kugelstärekoup a läit op enger Distanz vu 60.000 Liichtjoer. Et ass de liichtschwaachste Kugelstärekoup am Messierkatalog.

Den M 73 ass keen echte Stärekoup, mä eng Grupp vu véier Stären an engem Ofstand vun 2.000 Liichtjoer.

Op ronn 3.000 Liichtjoer Distanz ass de planetareschen Niwwel NGC 7009, deen och Saturnniwwel genannt gëtt. Mat senger elliptescher Form erënnert hien eppes un d'Rankplanéite Saturn.

Am südlechen Deel fënnt een den Helixniwwel. Et ass e planetareschen Niwwel op enger Distanz vu 500 Liichtjoer. Mat engem Duerchmiesser vun 13 Bouminutten an enger Hellegkeet vu 7m ass et dee gréissten an hellste planetareschen Niwwel um Nuetshimmel.

Gliese876B

Beim Gliese 876 hëlleft keen optescht Instrument méi, fir de Begleeder z'erkennen: E Planemo. De Rouden Zwerg am Aquarius (Liichtkraaft: 0,0016 × Sonn, Mass: 0,32 × Sonn, Duerchmiesser: 0,36 × Sonn) ass 11 Milliarde Joer al an huet als Begleeder ee vun de klengsten entdeckte Planéiten. De Planemo vun der 8-facher Mass vun der Äerd an duebelem Duerchmiesser ëmkreest de Stär vun der Spektralklass M3,5 (Gréissteklass 10,15) all 1,94 Deeg an engem Ofstand vun 0,021 AE. Fir Liewen ass hien - egal op Gas- oder Gesténgsplanéit - wéinst vun senger kuerzer Distanz zum Stär mat 200 - 400 °C ze waarm (änlech: My Arae). Zwéi weider, och ganz waarm Exoplanéite mat der 1,6- an 0,5-facher Mass vum Jupiter ëmkreesen de Stär an nëmmen 0,21 respektiv 0,13 AE Ofstand.

Kuckt och

änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Aquarius – Biller, Videoen oder Audiodateien