Braquet
De Braquet oder Iwwersetzung ass beim Vëlo de Rapport tëscht der Zännzuel vum Zännrad, dat um Pedalier montéiert ass, a Plateau genannt gëtt, an dem Zännrad dat op der Nuef vum hënneschte Rad montéiert ass a Pignon genannt gëtt.
Op Vëloen déi een oder zwéi Changementen hunn, kann de Vëlosfuerer de Braquet veränneren, andeems en d'Kette vun engem Zännrad op dat anert wiesselt.
Obschonn de Braquet ënner de Form 52x11 geschriwwe gëtt, ass säi Produkt awer d'Resultat vun der Divisioun vun 52 duerch 11.
Bei Nuewechangemente muss een dat Iwwersetzungsverhältnes mat bei der Berechnung a Betruecht zéien.
D'Produkt Braquet x Ëmfang vum Rad gëtt Developpement genannt.
🔥 Top keywords: HaaptsäitBernard CribbinsSpezial:Rezent ÄnnerungenAVL-Linn 20Zweete WeltkrichSpezial:SichenWikipedia:Iwwer d'Wiki HowWikipedia:KontaktAVL-Linn 221864Wikipedia:HëllefWikipedia:CommunautéitssäitStater TramWikipedia:General disclaimerAlbanienLëtzebuerg (Land)Lëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMickey MouseEd LauterWikipedia:WëllkommWiki HowWikipedia:De StamineeAVL-Linn 28Lëscht vun de Waassertierm zu LëtzebuergISBNDavid WoodardNicolas SarkozyÄerdAVL-Linn 5Dan Spogen1891Luxtram-Linn T1Wikipedia:ImpressumElsy JacobsEdmond SchmittIsmail KadareProjektiounsmodellLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenPol Leurs