Communautéiten, Regiounen a Provënze vun der Belsch

D'Belsch ass e federale Staat, dee sech aus dräi Communautéiten (oder Gemeinschaften), dräi Regiounen, a véier Linguistesche Regiounen zesummesetzt. Zwou vun den dräi Regioune bestinn aus jee fënnef, deemno am Ganzen zéng Provënzen.

Iwwersiicht

änneren

D'Belsch huet 581 Gemengen. Nieft deenen Ënnerandeelungen, déi an der belscher Constitutioun definéiert sinn, gëtt et nach Distrikter bannent de Gemengen, Police- a Waldistrikter, asw.

Vereinfacht ausgedréckt sinn d'Regiounen zoustänneg fir alles, wat mam "Buedem" ze dinn huet, also Landesplanung, Landwirtschaft, Transport, Energie, Ëmwelt, asw., an d'Communautéite fir dat, wat mat "Sprooch" ze dinn huet, deemno Erzéiung, Kultur, Sport, asw. De Federalstaat selwer huet an deene leschte Joerzéngten ëmmer méi Kompetenzen un d'Regiounen an d'Communautéiten ofginn, soudatt net méi vill "nationales" Rescht bliwwen ass.

All déi Ënnerandeelungen hu geographesch Grenzen: d'Regiounen, d'Sproochregiounen, d'Communautéiten, d'Provënzen an d'Gemengen. D'Andeelung a Communautéiten ass och geographesch delimitéiert: D'Flämesch Regierung huet Gesetzesautoritéit (wat Communautéits-Kompetenzen ubelaangt) nëmmen an der Regioun Flandern an an der Regioun Bréissel-Haaptstad; d'franséisch Communautéit huet analog just Pouvoiren iwwer communautaire Theemen a Wallounien an an der Haaptstadregioun Bréissel. An anere Wierder: E Flam, deen zu Arel wunnt, ka sech net op déi flämesch Gesetzgebung mat Bezuch op déi Flämesch Communautéit beruffen. Déi Belsch Communautéite bezéie sech net direkt op Leit (oder Gruppe Leit), mä op politesch, kulturell a sproochlech Kompetenzen a verschiddene Regioune vum Land.

Deemno ass déi Flämesch Communautéit kompetent an der Flämescher a Bréisseler Regioun, déi Franséisch an de Regioune Wallounien (mat Ausnam vun deene Gemengen, an deenen däitsch geschwat gëtt) a Bréissel, an déi däitschsproocheg Communautéit fir en Deel vun der Provënz Léck, laanscht d'däitsch Grenz, déi sougenannt Cantons de l'Est.

Déi dräi Regioune sinn d'Haaptstadregioun Bréissel, d'Flämesch Regioun an d'Wallounesch Regioun.

Déi dräi Communautéite sinn:

Am Géigesaz zu deenen anere Regiounen hunn d'Flämesch Regioun an d'Flämesch Communautéit hiert Parlament an hir Regierung zesummegeluecht.

Déi véier linguistesch Regioune sinn déi franséischsproocheg Regioun, déi däitschsproocheg Regioun, déi hollänneschsproocheg Regioun an déi zweesproocheg Regioun Bréissel-Haaptstad.

Communautéiten

änneren
CommunautéitenFlämesch CommunautéitFranséisch CommunautéitDäitschsproocheg Communautéit
Hollänneschen NummVlaamse Gemeenschap(Franse Gemeenschap)(Duitstalige Gemeenschap)
Franséischen Numm(Communauté flamande)Communauté française(Communauté germanophone)
Däitschen Numm(Flämische Gemeinschaft)(Französische Gemeinschaft)Deutschsprachige Gemeinschaft
Lag
Fändel
HaaptstadBréissel
(zesumme mat der Flämescher Regioun)
BréisselEupen
MinisterpresidentJan Jambon
(zesumme mat der Flämescher Regioun)
Pierre-Yves JeholetOliver Paasch
Websäitwww.flanders.befederation-wallonie-bruxelles.beostbelgienlive.be

Regiounen

änneren
RegiounFlämesch RegiounWallounesch RegiounHaaptstadregioun Bréissel
hollänneschen NummVlaams gewest(Waals gewest)Brussels Hoofdstedelijk Gewest / Brusselse Gewest
franséischen Numm(Région flamande)Région wallonneRégion de Bruxelles-Capitale / Région bruxelloise
däitschen Numm(Flämische Region)Wallonische Region(Region Brüssel-Hauptstadt)
Lag
Fändel
HaaptstadBréisselNamouerBréissel
Fläch13.625 km²16.901 km²162 km²
Awunnerzuel6,589,0693,633,7951,208,542
Populatiounsdicht484 /km²216/km²7.442/km²
MinisterpresidentJan Jambon
(zesumme mat der Flämescher Regioun)
Elio Di RupoRudi Vervoort
Websäitwww.flanders.bewww.wallonie.bewww.be.brussels

Provënzen

änneren

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belsch Provënzen.


Um Spaweck

änneren
Commons: Belsch Provënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien