Cyril Dessel
franséische Vëlossportler
De Cyril Dessel gebuer den 29. November 1974 zu Rive-de-Gier, ass e franséische professionelle Vëlossportler.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/24/Cyril_Dessel_en_maillot_jaune_%28Tour_de_France_2006%29.jpg/500px-Cyril_Dessel_en_maillot_jaune_%28Tour_de_France_2006%29.jpg)
Hien huet als Profi 2000 bei der franséischer Ekipp Jean Delatour ugefaangen, a war fir d'éischt am Joer 2002 beim Tour de France dobäi, wou en op der 113 Plaz afgeschloss huet.
2003 huet e bei déi Schwäizer Ekipp Phonak gewiesselt, bei där en zwee Joer gefuer ass, fir dann 2005 bei d'ProTour-Ekipp Ag2r Prévoyance ze wiesselen.
2006 huet hien eng Etapp um Tour Méditerranéen gewonnen, an e konnt och d'Generalklassement fir sech entscheeden.
Bei der éischter Pyrenäenetapp um Tour de France 2006 konnt e bei enger Echappee de Maillot jaune huelen.
Palmarès
änneren- Tour Méditerranéen
- 7. am Generalklassement beim Tour de France
- Tour de l'Ain
- eng Etapp bei de Quatre jours de Dunkerque
- eng Etapp bei der Volta Ciclista a Catalunya
- eng Etapp beim Critérium du Dauphiné libéré
- eng Etapp beim Tour de France
Ekippen
änneren- 2000 Jean Delatour
- 2000 Jelly Belly Cycling Team
- 2001 Jean Delatour
- 2002 Jean Delatour
- 2003 Phonak Hearing Systems
- 2004 Phonak Hearing Systems
- 2005 Ag2r Prévoyance
- 2006 Ag2r Prévoyance
- 2007 Ag2r Prévoyance
- 2008 Ag2r La Mondiale
Um Spaweck
ännerenCommons: Cyril Dessel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitRené ArendSpezial:Rezent ÄnnerungenSpezial:SichenZweete WeltkrichKlimatologieWikipedia:KontaktStater TramLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderEisebunnsstreck Lëtzebuerg-ÉiterWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:Hëllef1962Modul:DateTime/localCyclophorus daranganicusWikipedia:Iwwer d'Wiki HowÄerdNicolas SarkozyWeiße Fracht für HongkongWiki HowDas Phantom von SohoSchloß Gripsholm (Film)Lëtzebuerg (Land)Dick SchoofKuwaitAntiquitéitWikipedia:De StamineeAlbanienTour de France 2004Police grand-ducaleElisabeth PflugerPol LeursWikipedia:General disclaimerWoëlBernard CribbinsEd LauterZorro e i tre moschettieriHeiß weht der Wind