Gare Téiteng

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vun Téiteng ass eng Gare op der CFL-Linn 6c an op der CFL-Linn 6d tëscht der Gare Keel an der Gare Rëmeleng respektiv dem Verluedequai vun der Intermoselle am Rëmelenger Laangegronn.

Gare Téiteng
Streck6c, 6d
PK7,981
Quaien1
Gleiser4 (1 mat Quai)
UertschaftTéiteng
GemengKeel
KantonEsch-Uelzecht
Koordinaten49° 28’ 38’’ N
      6° 02’ 05’’ O
WebsäitCFL.lu

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare vun Téiteng huet e gratis Park & Rail-Parking mat spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Vum 16. Juni 2007 un, huet d'Gebai vun der Téitenger Gare eng nei Bestëmmung kritt. En ettlech Téitenger Veräiner a Gesellschaften deele sech de Parterre fir hir wëchentlech Sëtzungen.

An der Gare hu verschidde Veräiner hire Sëtz:

  • de Seniorentreff Téiteng
  • d'Frëndinnen an der Gare
  • den OGB-L Téiteng
  • d'Société Avicole Kayl
  • Lëtzebuerger Rentner an Invalide Veräin Téiteng
  • d'APEEP Association des parents d'élèves de l'école primaire Kayl.Tétange

Den 13. Juni 2022 gouf d'Voyageurs-Gebai vun der Gare proposéiert als national Kulturierfschaft klasséiert ze ginn.[1]

Zich déi an der Gare halen

änneren
Aus RichtungHalt virdrunZuchNächst HaltA Richtung
NäerzengKeel RB
CFL-Linn 60b 
 RëmelengRëmeleng
LëtzebuergKeel RE
CFL-Linn 60b 
 RëmelengRëmeleng

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Téiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 28. Mee 2024).