Harpalyke (Mound)

Jupitermound


Den Harpalyke (oder Jupiter XXII) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Harpalyke
(Jupiter XXII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 5
ZentralkierperJupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs21.105.000 km
Periapsis16.335.300 km
Apoapsis25.874.700 km
Exzentrizitéit0,226
Ëmlafzäit623,3 Deeg
Ëmlafvitess2,46 km/s
Inklinatioun148,6°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser4 km
Dicht? g/cm3
Albedo0,04
Visuell Magnitude (mag)22,2
Entdeckung
EntdeckerIFA Hawaii
Entdeckungsdatum23. November 2000

Entdeckung

änneren

Den Harpalyke gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank d'Bezeechnung S/2000 J 5.

De Mound gouf no der Harpalyke, enger Duechter vum Klymenos aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten

änneren

Den Harpalyke kreest a 623 Deeg a 7 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 21.105.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,226. Mat enger Inklinatioun vun 148,6° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Harpalyke zu der Ananke-Grupp gerechent.

Physikalische Daten

änneren

De Mound Harpalyke huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. Den Harpalyke huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h. nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Déi visuell Magnitude ass 22,2m.

Kuckt och

änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren