Ismail Kadare

franko-albanesche Schrëftsteller

Den Ismail Kadare (heiansdo och Ismaïl Kadaré), gebuer den 28. Januar 1936 zu Gjirokastra a Südalbanien a gestuerwen den 1. Juli 2024 in Tirana, war e franko-albanesche Schrëftsteller.[1] Seng Bicher sinn an iwwer 30 Sproochen iwwersat ginn.[2] De Kadare ass schonn e puermol fir de Literaturnobelpräis virgeschloe ginn.[3]

Ismail Kadare
Gebuer28. Januar 1936
Gjirokastër
Gestuerwen1. Juli 2024
Tirana
DoudesursaachHäerzschlag
NationalitéitAlbanien, Frankräich, Kosovo
AktivitéitDichter, Romancier, Iwwersetzer
Member vunAcadémie des sciences morales et politiques
Famill
Bestuet matHelena Kadare
Den Ismail Kadare 2007 (lénks)

Biographie

änneren

Den Ismail Kadare as 1936 an eng net reliéis Beamtefamill gebuer ginn. Bis 1958 huet hie Literaturwësseschaften op der Universitéit zu Tirana studéiert, éier e bis 1961 säi Studiumzu Moskau weidergemaach huet. Dat selwecht Joer ass hien zeréck an Albanie gaangen, wou e sech als Lyriker, Auteur, Romancier an Essayist probéiert huet. Säi literareschen Duerchbroch hat hie mam Roman "Gjenerali i ushtrisë së vdekur" (Der General der toten Armee / Le général de l'armée morte) vun 1963.

De Kadare huet sech duerno séier als bekanntsten albaneschen Auteur etabléiert an huet och am Ausland séier u Renommée gewonnen.

Seng politesch Roll am kommunisteschen Albanien ass haut ëmstridden.[4] De Kadare war Member vun der kommunistescher Partei a vun 1970 bis an d'achtzeger Joren Deputéierten am Parlament, gläichzäiteg war hien awer ville Feindlechkeeten ausgesat an ass och zenséiert ginn. Trotzdeem huet den albaneschen Diktator Enver Hoxha et wéinst dem Kadare senger Bekanntheet am Ausland net gewot, him eppes unzedoen. Mëtt den 1980er huet de Kadare de Regime ëmmer méi staark kritiséiert an am Oktober 1990 sinn hien a seng Famill aus Protest géint déi ze lues Demokratiséierung duerch de leschte kommunistesche Staatschef Ramiz Alia an d'politescht Asyl a Frankräich gaangen. Nom demokrateschen Ëmbroch ass hien erëm an Albanien zeréckgaangen an huet zu Tirana a Paräis gelieft.

Wierker (Auswiel)

änneren
Auswiel u Wierker vum Ismail Kadare
JoerAlbaneschen TitelDäitschen TitelFranséischen TitelEngleschen Titel
1963Gjenerali i ushtrisë së vdekurDer General der toten ArmeeLe général de l'armée morteThe General of the Dead Army
1965Përbindëshi/Le monstreThe Monster
1968DasmaDie Hochzeit/The Wedding
1970KështjellaDie Festung/The Castle / The Siege
1971Kronikë në gurChronik in SteinChronique de la ville de pierreChronicle in Stone
1975Nëntori i një kryeqytetiNovember einer HauptstadtNovembre d'une capitale/
1977Dimri i madhDer große WinterL'hiver de la grande solitude / Le Grand HiverThe Great Winter
1978Pashallëqet e mëdhaDer SchandkastenLa niche de la honte/
1978Ura me tri harqeDie Brücke mit den drei BögenLe pont aux trois archesThe Three-Arched Bridge
1979Kush e solli Doruntinën?Doruntinas HeimkehrQui a ramené Doruntine?Doruntine
1980Prilli i thyerDer zerrissene AprilAvril briséBroken April
1984Sjellësi i fatkeqësisë - Islamo noxDie Schleierkarawane//
1985Viti i mbrapshtDas verflixte JahrL'année noire/
1985Nata me hënëNacht mit Mond//
1988Koncert në fund të dimritKonzert am Ende des WintersConcert en fin de saison / Le concertThe Concert
1990Dosja HDie Akte H.Le Dossier H.The File on H
1992PiramidaDie PyramideLa pyramideThe Pyramid
1996Pallati i ëndërraveDer Palast der TräumeLe palais des rêvesThe Palace of Dreams
1996SpiritusSpiritusSpiritusSpiritus
1999Vjedhja e gjumit mbretërorDer Raub des königlichen Schlafs//
1999Tri këngë zie për KosovënDrei Trauerlieder für KosovaTrois chants funèbres pour le KosovoThree Elegies for Kosovo
2000Lulet e ftohta të marsit/Froides fleurs d'avrilSpring Flowers, Spring Frost
2004PasardhësiDer NachfolgerLe successeurThe Successor
2008Darka e gabuarEin folgenschwerer AbendLe dîner de trop/
2010AksidentiDer UnfallL'accidentThe Accident
2014Mëngjeset në kafe Rostand/Matinées au Café Rostand/
2015KukullaDie PuppeLa poupéeThe Doll: A Portrait of My Mother
2018Kur sunduesit grindenDer AnrufDisputes au sommetWhen Rulers Quarrel

Auszeechnungen

änneren
  • 1992: Prix mondial Cino Del Duca
  • 1996: Ordre des arts et des lettres
  • 1998: Éierebierger vun Tirana
  • 2005: Man Booker International Prize
  • 2009: Prinz-von-Asturien-Präis
  • 2010: Premio Lerici Pea
  • 2015: Jerusalem-Präis
  • 2016: Kommandeur am franséischen Ordre national de la légion d'honneur
  • 2017: Çmimi Letërsia Shqipe
  • 2019: Park-Kyung-ni-Literaturpräis
  • 2020: Neustadt International Prize for Literature
  • 2020: Groussoffizéier am franséischen Ordre national de la légion d'honneur

Referenzen

änneren
  1. lexpress.fr: Ismail Kadaré: "La littérature et la vie sont deux mondes en lutte" (18. November 2009; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  2. fischerverlage.de: Über Ismail Kadare (gekuckt den 30. Dezember 2012)
  3. dw.de: Im Porträt: Ismail Kadare (27. Juni 2005; gekuckt den 30. Dezember 2012)
  4. tagesanzeiger.ch: Leben und Schreiben unter den Augen des Diktators (19. Februar 2009; gekuckt den 30. Dezember 2012)