Malvagna

italieenesch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Messina


Malvagna ass eng italieenesch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Messina an der Regioun Sizilien.

Malvagna
LandItalien
RegiounSizilien
ProvënzMessina
Koordinaten37°55'6"N, 15°3'20"O
Fläch6,71 km²
Awunner629 (1. Januar 2023)
Héicht715 m
ISTAT083044

D'Uertschaft ass am 17. Joerhonnert entstanen. Vun 1928 bis 1947 huet d'Gemeng Malvagna mat der Gemeng Mojo Alcantara zesummen d'Gemeng Lanza forméiert.

Et gouf am Joer 1911 nach 2.166 Malvagnesi (wéi d'Awunner genannt ginn), sou huet hir Zuel zanterhier bestänneg ofgeholl, bis zu ronn 800 am Joer 2009.

Kuckeswäertes

änneren
  • Ruine vum Konvikt San Giuseppe, e Klouschter dat ëm 1640 gebaut gouf
  • La Cuba, eng fréischrëschtlech Kierch aus dem 8. Joerhonnert
  • Kapell vum Hl. Marco, d'Portal ass aus dem 16. Joerhonnert

Nopeschgemengen

änneren

Castiglione di Sicilia, Francavilla di Sicilia, Mojo Alcantara, Montalbano Elicona, Roccella Valdemone.

Um Spaweck

änneren
Commons: Malvagna – Biller, Videoen oder Audiodateien