Orrorin tugenensis

Orrorin tugenensis
Systematik
Räich:Déiereräich
Stamm:Chordata
Klass:Mamendéieren
Uerdnung:Primaten
Famill:Mënschenafen
Gattung:Orrorin
Aart:Orrorin tugenensis
Wëssenschaftlechen Numm
Orrorin tugenensis


Den Orrorin tugenensis war e Virmënsch dee schonn opgeriicht gaangen ass an am haitege Kenia gelieft huet.

Et gouf just ee Fond deen op viru séchs Millioune Joer datéiert ass.

E war héchstwahrscheinlech en Allesfrësser an huet an der Savanne an am Bëschland gelieft.

Am Joer 2000 huet en Team vum Brigitte Senut a Martin Pickford am Héichland vum Kenia fossil Relikter vum Orrorin tugenensis ausgegruewen.