Orthosie (Mound)

Jupitermound


Den Orthosie (oder Jupiter XXXV) ass ee vun de klengste bekannte baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Orthosie
(Jupiter XXXV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 9
ZentralkierperJupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs20.720.000 km
Periapsis14.902.000 km
Apoapsis26.538.000 km
Exzentrizitéit0,2808
Ëmlafzäit622,56 Deeg
Ëmlafvitess2,37 km/s
Inklinatioun145,921°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser≈ 2 km
Dicht2,6 g/cm3
Albedo0,04
Visuell Magnitude (mag)23,1
Entdeckung
EntdeckerIFA Hawaii
Entdeckungsdatum11. Dezember 2001

Entdeckung

änneren

Den Orthosie gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Am Ufank krut de Mound déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 9.

De Mound gouf uschléissend no der Orthosie, enger griichescher Schéinheetsgëttin, genannt.

Bunndaten

änneren

De Mound Orthosie kreest a 622,56 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 20.720.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2808. Mat enger Bunneschréi vun 145,9° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Orthosie der Ananke-Grupp, benannt nom Jupitermound Ananke, zougerechent.

Physikalesch Daten

änneren

De Mound Orthosie huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech aus Silikatgestengs opgebaut.Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,1m.

Kuckt och

änneren

Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren