Reanimation ass den zweete Museksalbum vun der kalifornescher Band Linkin Park. E besteet aus Remixe vu Lidder vun der Grupp hirem éischten Album Hybrid Theory a gouf den 30. Juli 2002 verëffentlecht.

Reanimation
Remix-Album[*] vun Länke Paak
Erauskomm30. Juli 2002
GenreAlternative Hip-Hop[*], industrial hip hop[*], Industrial Metal[*]
Längt3.652 sec.
LabelWarner Bros. Records[*]
ProduzentMike Shinoda
Offiziell Websäiten

D'Plack besteet aus Remixen, déi (ofgesi vu "My December", dat op der Single-CD vun "One Step Closer" verëffentlecht gouf) um éischte Linkin Park-Album Hybrid Theory sinn, souwéi aus kuerzen Zwëschespiller, Soloen a Riff-Raff's.

Am grousse Ganze koum d'CD ganz gutt bei de Fans un, allerdéngs ginn och verschidde Lidder staark kritiséiert well si mat zeville Raps vergarrelt goufen. Op der Plack si gréisstendeels roueg Lidder. Den David Farrell, deen normalerweis Bass spillt, spillt an dësem Album Gei an Cello, a vereenzelte Lidder awer och nach Bass-Gittar. De Brad Delson iwwerhëlt an dëse Fäll de Bass an den Joseph Hahn (DJ) an/oder de Mike Shinoda (MC) spillen niewebäi Piano. Natierlech kommen och eng Handvoll haart Lidder vir, déi un déi typesch Hard-Rock-Zeen vu Linkin Park erënneren.

D'Nimm vun de Lidder gläichen den Nimm vun de "richtege" Lidder. Dacks gouf op d'Vokale verzicht an d'Leerzeeche goufe mat Slashen, Bindestrécher, Stären asw. gefëllt.

Besetzung

änneren

Tracklëscht

änneren
TitelDauer
1Opening1:09
2Pts.OF.Athrty3:45
3Enth E Nd3:59
4[Chali]0:23
5Frgt/103:32
6P5hng Me A*wy4:37
7Plc. 4 Mie Haed4:20
8X-Ecutioner Style1:49
9H! Vltg33:30
10[Riff Raff]0:21
11Wth>You4:12
12Ntr/Mssion0:29
13Ppr:Kut3:26
14Rnw@y3:13
15My<Dsmbr4:17
16[Stef]0:10
17By_Myslf4:42
18Kyur 4 Th Ich2:32
191Stp Klosr4:36
20Krwlng4:32