Rho
Buschtaf
me Rho (griichescht Neutrum, Majuskel Ρ, Minuskel ρ oder ϱ) ass de 17. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 100.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4d/Greek_letter_rho_serif%2Bsans.svg/150px-Greek_letter_rho_serif%2Bsans.svg.png)
Gebrauch vum Rho
änneren- An der Physik ass de klenge Rho
- d'Zeeche fir d'Dicht an de spezifeschen elektresche Widerstand an
- de Bezeechner vun engem Meson.
- d'Zeeche fir d'Luedungsdicht.
- d'Dichtmatrix.
- An der Chimie ass de klenge Rho d'Zeeche fir d'Massekonzentratioun
- An der Statistik ass de klenge Rho en heefeg gebraucht Zeeche fir de Korrelatiounskoeffizient.
- An der linearer Algebra an an der Funktiounalanalys gëtt de Spektralradius mat engem klenge Rho bezeechent.
- An der Linguistik bezeechent een de Lautwandel zu r als Rhotazismus.
- An der Waardeschlaangtheorie ass et den Auslaaschtungsgrad
- An der Wirtschaftswëssenschaft ass ρ
- eng vun de Kennzuele fir d'Bewäertung vun enger Optioun an
- a Wuesstumsmodeller gewéinlech e Parameter deen d'Zäitpreferenz vum Haushaltkonsum zeréckgëtt.
🔥 Top keywords: HaaptsäitSpezial:Rezent Ännerungen28. JanuarLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenAlbanienSpezial:SichenNicolas SarkozyEisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter2003Luxtram-Linn T1Zweete Weltkrich1962Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg GrenzAntiquitéitÄerdWikipedia:Kontakt1864Pol LeursElsy JacobsWikipedia:HëllefAlgerWikipedia:CommunautéitssäitStater TramKuwaitCommemoratiounsplaz HinzertWikipedia:EDPRepublik Kongo1891Wikipedia:General disclaimerBernard BlierNordhallefkugelRenauld Oscar d'AdelswärdProjektiounsmodellGeorges BrassensBommeleeërWikipedia:Iwwer d'Wiki How1724Nic WeberLes Misérables (Film 1958)