Roman Holiday (Film 1953)

Roman Holiday ass en US-amerikanesche Film vum William Wyler aus dem Joer 1953.

Roman Holiday
Film
ProduktiounslandUSA
Produktiounsjoer1953
Première1953
Dauer118 min
FaarfSchwaarz-Wäiss
Format1,20:1 -
Filmformat35 mm
OriginalsproochEnglesch
Ekipp
RegieWilliam Wyler
DréibuchIan McLellan Hunter
John Dighton
Dalton Trumbo
FotografieHenri Alekan
Franz Planer
MusekGeorges Auric
SchnëttRobert Swink
DekorenHal Pereira
Walter H. Tyler
CostumedesignEdith Head
ProduzentWilliam Wyler
Paramount Pictures
Produktiouns-
gesellschaft
Paramount Pictures
Schauspiller
Gregory Peck als Joe Bradley
Audrey Hepburn als Prinzessin Ann
Eddie Albert als Irving Radovich
Hartley Power als Mr. Hennessy
Harcourt Williams als Ambassadeur
Margaret Rawlings als Gräfin Vereberg
Tullio Carminati als Generol Provno
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

D'Ann, eng jonk Krounprinzessin, mécht eng Europarees. Si ass streng bewaacht. Zu Roum geléngt et hir eleng fortzekommen a sou, onerkannt, a wäit ewech vum Protokoll, Roum z'entdecken. Mä en amerikanesche Journalist erkennt s'erëm ...

Fir hir Roll als jonk Prinzessin, hir éischt Haaptroll iwwerhaapt, krut d'Audrey Hepburn direkt en Oscar.

D'Dréibuch ass gréisstendeels vum Dalton Trumbo. Well deen op der Schwaarzer Lëscht stoung, déi an der McCarthy-Zäit zu Hollywood applizéiert gouf, gouf e Stréimann, de Ian McLellan Hunter, am Virspan ernimmt. Dem Trumbo säin Numm gouf eréischt vill méi spéit nodréiglech agebaut.

Roman Holiday war och deen éischten amerikanesche Spillfilm, dee ganz an Italien (op Originalplazen an am Cinecittà-Studio) gedréint gouf.

Um Spaweck

änneren