Sainte-Ode

belsch Gemeng

Sainte-Ode ass eng Gemeng an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Se läit um ieweschte Laf vun der Ourthe occidentale tëscht Saint-Hubert a Baaschtnech. D'Gemengenhaus ass zu Amberloup.

Sainte-Ode
LandBelsch
Regioun Wallounien
CommunautéitFranséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
ArrondissementBaaschtnech
Awunner2.557 (1. Januar 2018)
Fläch9 787
Koordinaten50° 01’ 37’’ N
      05° 31’ 26’’ O
Telefonszon061
Postcode6680
Websäithttps://www.sainte-ode.be

D'Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen. Deemools goufen d'Gemengen Amberloup, Lavacherie, an Tillet zesummegeluecht. D'Gemeng krut hiren Numm vum Lieu-dit Sainte-Ode dee mat dem Spidol an dem Schlass aus der fréierer Gemeng Flamierge derbäikoum.

De 25. September 2014 huet de Gemengerot iwwer d'Adoptioun vum Projet fir de Wopen an de Fändel ofgestëmmt, déi en du mat engem Arrêté vun der Regierung vun der franséischsproocheger Cummunautéit den 10. Dezember 2014 accordéiert krut.[1].

Beschreiwung vum Wopen: au 1 d'argent à trois roses de gueules, boutonnées d'or et barbées de sinople; au 2 d'azur à une fleur de jonquille d'or; au 3 d'azur à un pont de trois arches d'argent, maçonné de sable; au 4 d'argent à un arbre arraché de sinople. Devise: AB ORIGINE FIDELIS en lettres d'azur sur un listel d'argent.

Beschreiwung vum Fändel: écartelé blanc et bleu.

Um Spaweck

änneren
Commons: Sainte-Ode – Biller, Videoen oder Audiodateien

Websäit vun der Gemeng

Referenzen

änneren
  1. Arrêté vum 10. Dezember 2014