Wiki How:FAQ Administratioun

F. Wie bestëmmt d'Reegelen?

änneren
Ä. Liest heizou den Artikel iwwer d'Reegelen.

F. Wat ass en Administrateur? Wat ass e Sysop?

änneren
Ä. Dës zwéin Nimm bedeiten eigentlech dat selwecht. En Administrateur oder Sysop ass einfach e Wikipedianer, deen e puer Funktioune méi zur Verfügung huet wéi en normale Benotzer, zum Beispill Säite läschen, protegéieren, IP-Adresse spären asw.

F. Wéi gëtt een Administrateur?

änneren
Ä.: Liest dozou den Artikel Wikipedia:Administrateuren.

F. Wien iwwerwaacht d'Administrateuren?

änneren
Ä. D'Administrateuren iwwerwaache sech géigesäiteg. All Administrateur ka quasi alles réckgängeg maachen, wat en aneren Administrateur gemaach huet. An extreeme Fäll kann och nach ëmmer e Steward oder den Jimbo Wales kontaktéiert ginn.

F. Wat ass en Entwéckler?

änneren
Ä. Et gëtt zwou Zorte vun Entwéckler. Engersäits d'Entwéckler vun der Wikipedia-Software ([1]) an d'lokal Entwéckler vun deene eenzele Wikipediaen, déi méi Rechter wéi e Sysop hunn (z. B. d'Datebank spären).