Zytoskelett
D'Zytoskelett besteet aus Proteinfilamenter déi den Zytosol vun enger Zell duerchzéien. Seng Roll ass dräifach:
- et ass eng mechanesch Stäip fir d'Zell a gëtt hir sou From a Stabilitéit
- et erméigelecht den Transport vu Substanzen bannent der Zell
- et ass responsabel fir d'Bewegung vun den Zellen (déi sech beweege kënnen)
Et gëtt dräi Gruppe vu Proteinnen déi d'Zytoskelett bilden
- Actinfilamenter bestinn aus der polymeriséierter Protein Actin, si kommen ë. a. an de Muskele vir, wou se zesumme mat der Protein Myosin fir d'Muskelkontraktioun verantwortlech sinn.
- Microtubuli bestinn aus der polymeriséierter Protein Tubulin, si hunn ë. a. bei der Zelldeelung eng wichteg Roll well d'Chromosomen vun hinnen auserneegezu ginn.
- Intermediärfilamenter bestinn aus verschiddene Proteinnen, z. B. Vimentin. Si hunn déi gréisst mechanesch Stabilitéit a sinn dofir heefeg an Zellen déi grousse mechanesche Konrtainten ausgesat sinn, z. B. am Daarmepithel. Si sinn un den Desmosomen an der Zellmembran verankert.
Um Spaweck
ännerenCommons: Zytoskeletter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: HaaptsäitBernard CribbinsSpezial:Rezent ÄnnerungenAVL-Linn 20Zweete WeltkrichSpezial:SichenWikipedia:Iwwer d'Wiki HowWikipedia:KontaktAVL-Linn 221864Wikipedia:HëllefWikipedia:CommunautéitssäitStater TramWikipedia:General disclaimerAlbanienLëtzebuerg (Land)Lëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMickey MouseEd LauterWikipedia:WëllkommWiki HowWikipedia:De StamineeAVL-Linn 28Lëscht vun de Waassertierm zu LëtzebuergISBNDavid WoodardNicolas SarkozyÄerdAVL-Linn 5Dan Spogen1891Luxtram-Linn T1Wikipedia:ImpressumElsy JacobsEdmond SchmittIsmail KadareProjektiounsmodellLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenPol Leurs